Start Up Programm 2026

Start Up Programm 2026
20 May

Och dëst Joer si mir houfreg op eis Studenten, déi et fir dat drëtt Joer hannerteneen an d’Finale vum Start-up-Programm vun der JEL gepackt hunn.

No enger zweeter Plaz am Joer 2024 an enger éischter Plaz d’lescht Joer — wou mir och um internationalen Event zu Athen deelgeholl hunn — drécke mir der Ekipp vum Pauline a Chris fest d’Daume fir hir Presentatioun haut am Utopolis an der Finale vun dësem Joer.