“Location-Scoutingtour” am Naturschutzgebitt vun der”Haard” zu Diddeléng

“Location-Scoutingtour” am Naturschutzgebitt vun der”Haard” zu Diddeléng
13 Nov

Am Kader vun eisem nächste Museksvideo zesummen mam Nikki Ninja “Minettsdapp”, hu mir eng Location-Scoutingtour zu Diddeleng am Naturschutzgebitt “Haard” gemaach, déi duerch eng spannend guidéiert Visitt mam Marco ergänzt gouf.

Begleet war des Visitt och vum Uelzechtkanal aus dem LGE, déi am Optrach sinn e Making of Video ze maachen vun dësem Musikvideo.

Dës Visitt huet eis d’Méiglechkeet ginn, Naturschutzgebitt aus enger anerer Perspektiv kennenzeléieren an e bessert Verständnis fir d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vun der Stad ze kréien an och vun der Natur déi ons emgëtt.

Nieft dem Entdecke vun interessante Locations fir eis Dréiaarbechte war et virun allem eng wäertvoll Entdeckungsrees fir dat Naturschutzgebitt besser ze verstoen an et awer och mat de Lyrics vum Nikki Ninja sengem Song kënnen ze verbannen.

E grousse Merci un de Marco fir déi interessant Ablécker an déi guidéiert Visitt!