Communication & Community Coordinator
No zwee flotten a léierräiche Joer am BTS sinn ech ganz stolz dës Erfarung gemaach ze hunn. Ech hu meng Kompetenzen erweidert, vill wichteg Erkenntnisser matgeholl an ech freeë mech, dass ech elo als Communication & Community Coordinator bei de Jonk Entrepreneuren däerf schaffen. Wéi iwwerall ginn et Héichten an Déiften, mee ech si frou, dass ech de BTS konsequent duerchgezunn hunn. Ech soen och menge Proffen an den externe Proffen e grousse Merci fir hire Support an hiert Engagement.

