De breetgefächerte Programm vun de Schüler am BTS Digital Content huet fir eis genau dem entsprach, wat mir um Terrain brauchen. Do geet et souwuel ëm Koordinatioun, Plangen, an och ëm Produktioun a Konzeptioun. Vill grouss a kleng Betriber, Agencen a Medienhaiser bidden an dem Secteur passionant Beruffsméiglechkeeten, déi déi spannend Dier opmaachen d’Lëtzebuerger Mediewelt aktiv matzegestalten.
