Road trip Italien
Haut huet de Michael Marques a Collaboratioun mat @d.ekipp am Kader vu senger Ofschlossaarbecht vum BTS Digital Content säi Projet a Form vun engem Film virun e puer Klasse presentéiert. Mat dëser Aarbecht an der Virstellung vu sengem Film wollt hien déi Jonk dozou encouragéieren, aus sech erauszekommen, hir Komfortzon ze verloossen an hir Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen.
Dobäi huet hien och seng perséinlech Erfarunge mat hinnen gedeelt an erkläert, wéi wichteg et ass, e Projet bis zum Schluss duerchzezéien – och wann net ëmmer alles no Plang leeft an een ënnerwee op Hindernisser stéisst. Säi Message war, net opzeginn, aus Feeler ze léieren an un seng Ziler ze gleewen.





